Ech, Ech, et geet nemmen em mech
Daat ass deen neien Numm vun eiser Gesellschaft
Mäint, Mäint, et ass alles fier mech
Ech geif där jo gären eppes gin, mee et ass alles mäint
Eis Gesellschaft besteet nemmen nach aus Egoïsten
An do ass keng Plaatz mei fier Gefiller an Maneieren
Keen Moien, keen Äddi an keen Wannechglifft a Merci
All dei Werter sin esou einfach
Mee dach esou schweier gin
Eis Werter gin et net mei an deem Liewen vun haut
An wannste mool doomat kenns, gess de gekuckt
Wie wannste fun engem aaneren Planet wärs
Kee Respekt, keng Maneieren, an keen Anstand mei
De Mensch ass just nach op dech fixeiert
Ech well bei allem firun där sin, an emmer deen Eischten
Waat no mär kennt, daat spillt bei mär keng Roll
Ech waar jo Eischten, an daat geet mär duer
Et huet kee mei eng Sekonn Zäit
A muss bei Allem matt der Schness fier bäi sin
Matt der Angscht et keint een jo Eppes verpassen
Oder een Aaneren hellt engem Eppes ewäsch
Et ass traureg ze gesin wou mär hikomm sin
An d'Enn vum Lidd wert sin dass et emmer schlemmer get
D'Menschheet ass färdeg, d'Menscheet ass verblöd
An an deser Menscheet ass kee 'Mensch' mei